Rapport 09

·        Am Joer 2009 hat den Syndicat d’Initiative 7 Sëtzungen vum Verwaltungsrôt.

 

·        Puer Themen erausgepickt, déi am Laaf vum Joer an dësen Sëtzungen behandelt gi sin:

o   Mer hun op eng Propose vum Contrat Rivières reagéiert, an verschidden Feld- an Bëschwéer virgeschlou, déi missten am Sënn vun méih Sécherheet konsolidéiert oder ausgebaut gin (Därent, Duelem, Bärel, Bauscheltermillen)

o   Mer hun dem Gemengenrôt en kompletten Dossier matt enger Opstellung vun erhaalenwerten Objeten aus eiser Gemeng virgeluecht (z.B. Wéekraïzer, Kapellen, Erënnerungstafelen asw.) déi en gewëssen lokalhistorischen Wert hun

o   Bei der Misärsbréck hun mer fir 1200 € en neien Panneau opgestallt, fir Publizitéit fir eis Regioun dran ze hänken. Leider ass en bannent kurzer Zeit 2 Mol vun Hallefstaarken futti gemach gin. Mer hun all Kéiers Plainte bei der Police gemach! An zwëschent hun mer och d’Glaass duerch Plexiglaass ersetzen gelooss.

o   Op dem Tracé vun der neier Ôfwaasserleitung zu Baschelt hun staatlich Servicer rücksichtlos einfach eis Wanderpied zougetippt respektiv d’Baach driwer gekéiert. Mer hun eis do natierlich gewiert!

o   Grad esou rücksichtslos sin verschidden Mattbierger, di einfach en Droot iwert en Wanderpaad oder en Bëschwee, den schon seit ewigen Zeiten besteet, zéien, sou dass den Wanderer an den Tourist nit méih duerchkommen an gezwongen gin ëmtzedréien oder irgendwou derlanscht ze knëchelen.

·        Am Laaf vum Joer 2009 haaten mer och 5 Arbichtsdeeg, wou d’Memberen vum Verwaltungsrôt en ganzen Daag lang an eisen Pied geschafft hun, Bänken ersaat hun, Brécken geflickt hun asw. Am Summer hun mer och ronderëmt d’Bänken an Point de Vuen geméint. Niewt dësen Arbichtsdeeg ass eisen Kolleg Jean-Pierre puermol matt eisem Méintrakteur d’Feld- an Bëschwéer ôfgefuehr, fir dass d’Wanderer nit duerch zevill héich Graass missten trëppelen.

·        Am Hierscht hun mer op Initiative vun dem H. Goergen Jos, den e.a. en Buch iwert d’Grenzsteng laanscht di belsch Grenz geschriwen huet, en gossenen Grenzpoteau vun +/- 350 Kilo erem opgericht. Dësen Poteau stung an engem Hang lanscht d’Sirer Baach an war virun enger Reih Joren emgefall. Mer hun en lo an en betons Sockel gesaat, sou dass en doudsécher stouen bleiwt!

·        Mer hun awer och op d’Ennerstëtzung vum Ministère du Tourisme zréckgegraff. Eng Equipe vun Chômeuren huet e.a. d’Pied am Houfelsbierg an am Hellekessel an d’Reih bruecht. Den Wée iwert d’Traapen erop, vun der Bauschelter Millen op Bauschelt, soll dëst Joer och nach vun hinnen an d’Reih bruecht gin.

·        Den 13. März war eis Generalversammlung: Niewt dem Burgermeeschter an verschidden Vertrieder vum Scheffen- an Gemengenrôt, waren 33 Nolauschterer an der Versammlung. No denen gewinnten Rapporten sin d’Gewënner vun eisem Blummenconcours geéiert gin. Als Gaaschtriedner haaten mer den H. Gilles Kintzelé, Buurgemeeschter vun Esch-Sauer an Präsident vum „Contrat Rivières“ invitéiert. Den Gewässervertrag huet als Ziel, den Schutz vum Waasser, eist „Gold vum Jorhonnert“ ze förderen, Problemer an dësem Zesummenhang ze erkennen an ze léisen, an och Synergien zwëschent den belschen an den lëtzebuerger Aktiounen ze schaaffen.

·        Den 27. Abrëll ass um Misärshaff den Léierpaad „Natur Pur“, den vun der Misärsbréck op der Bungerefer Millen féiert an iwert d’Bungrëfer resp. Bilschtrëffer Saït erem zréck kënnt, ageweiht gin. Den Léierpaad féiert iwert di bestehend Pied, déi vun eis an der Reih gehaal gin. D’Initiative vun der Forstverwaltung ass begleet vun engem Projet fir di extensiv Landwirtschaft ze förderen, wou och verschidden Bauren aus eiser Gemeng mattmachen.

·        Am Joer 2009 haaten mer och en Fotosconcours fir Kanner bis 12 Joer lancéiert. Als Thema haaten mer d’Waasser, an do speziell d’Sauer an hier Niewenflëss ugin. Duerch daat Thema huet sich natierlich eng Zesummenarbicht matt „Contrat Rivières“ opgedrängt. Den H. Claude Schmitz huet eis do tatkräftig ennerstëtzt an derfir gesuergt, dass di néidig Reklam am Naturpark Uewersauer, mee awer och am belschen Naturpark „Forêt d’Anlier – Haute-Sûre“ gemach gin ass. 24 Kanner hun schlussendlich matt gemach – dovun 4 aus eiser Gemeng – an 88 Fotoen sin erankomm. Di beschten Fotoen sin vun enger onôhängiger Jury erausgesicht gin an op engem Kalenner gedréckt gin. Den 8. Januar dëst Joer war dun d’Praïsverdeelung, verbonnen matt der Ausstellung vun allen Fotoen zu Baschelt am Sall.

·        Vun weideren Manifesatiounen haten mer:

o   Den 25. Januar den Kannerfuesbal zu Baschelt

o   24. Mee Fréojorstrëppeltour zu Sir

o   11. Oktober: Hierschttrëppeltour

o   4. Dezember: Réckbléck an Biller zu Sir

o   26. Dezember: Nuetswanderung, wou eng Rekordzuehl vun iwer 80 Leit deelgeholl huet

·        Den 22. November war den Kleeschen op sengem traditionnellen Besuch zu Baschelt. Kanner an hier Elteren waren begeeschtert. Merci nach eng Kéier, der Musik an den Pompjeen fir hier Ennerstëtzung. En speziellen Merci awer och un eng engagéiert Mamm, d’Nathalie Wio-Engel, dât matt den Kanner puer Lidder an Gedichter ageprouft haat. Natierlich och den Kanner en decken Merci!

·        Am Dezember hun ech d’Vereiner ugeschriwen fir dass si mer d’Datumen vun hieren Manifestatiounen am Joer 2010 giffen mattdeelen. Eisen Komitee hat decidéiert fir, bei Geleegenheet vun eisem 75. Anniversaire, den Kalenner drécken ze loossen. An zwëschent ass en an all Haus verdeelt gin, zesummen mam Ôffallkalenner. Mer soen der Gemeng an speziell den Gemengenarbichter duerfir en groussen Merci.

·        An denen leschten Méint hun mer eis natierlich och Gedanken gemach, wéi mer di 75 Joer Bestehen vun eisem Syndicat d’Initiative, déi mer elo am Joer 2010 feieren duerfen, kënnten gebührend feieren. Den Fred wärt eech den Programm elo gleich am Detail virstellen.

Am Laaf vum léschten Joer war den S.I. esou weit ewéi méiglich bei allen Manifestatiounen vun deenen verschiddenen Vereiner aus eiser Gemeng vertrueden, ënner anerem och fir dat ganz am Bild festzehaalen. Ausserhalb vun den gemeinsamen Arbichtsdeeg hunn ewer och verschidden vun eisen Memberen an hierer Freizeit mol eng Bréck geflickt, geméihnt oder einfach mamm Sécateur d’Getreisch an eisen Pied zréckgeschnidden.

Den Engel’s Fred huet eis bei der Entente ESILAC, beim ONT an bei dem Ministère du Tourisme vertrueden. Eng Delegatioun vum S.I. war och bei verschidden Manifestatiounen, wéi z.B. bei der „Marche Gourmande“ an den Nopeschgemengen vertrueden. Ausserdeem hunn mer d’Awunner aus eiser Gemeng ëmmer um Laafenden gehaal iwert eis Aktivitéiten andeems dass mer Flugblieder un all Haus verdeelt hun oder se duerch den Bréifdréier verdeelen gelooss hunn.

 

Mer sin natierlich och op fir all Virschlag, wât mer dëst Joer kënnen anescht oder esou guer besser kënnten machen.